D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertÉischt Hëllef fir Kanner, Dronen iwwer Lëtzebuerg an e risege Kürbis-Mosaik

RTL Lëtzebuerg
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
© RTL

An eise KannaNiuuss kënnt e Sonndeg den éischte Reportage vun den neie Kannerreporter. D'Maite an de Leo wollten erausfannen, wéi een och als Kanner éischt Hëllef leeschte kann. Si hunn dofir en Interview gemaach mam Jeff Herr: dee geet reegelméisseg och a Schoule fir de Kanner ze weisen, wéi éischt Hëllef fonctionéiert. Eis Kannerreporter wëllen natierlech och wëssen, wat éischt Hëllef iwwerhaapt ass a wat speziell Kanner maache kënnen. Fir de Reportage hunn d'Maite an de Leo och e puer Saache selwer ausprobéiert.

An eisem Noriichteniwwerbléck schwätze mer natierlech iwwer d'Dronen, déi iwwer Lëtzebuerg gesi goufen. Bestëmmt hu vill Kanner dat matkritt a vläicht jo och versicht, der selwer um Himmel ze gesinn. Mir erklären, wisou dann och de Flughafen huet misse gespaart ginn. Mee net all Luucht um Himmel ass tatsächlech och eng Dron: Eng Rei Meldunge vu Leit oder Videoen hu sech als falsch erausgestallt.

Informatiounen iwwerpréiwen an déi falsch erausfilteren, dat ass d'Aarbecht vun eise Journalisten. A fir ze weisen, wéi mir schaffen, wou d'Erausfuerderunge leien an eben och wéi een Noriichten iwwerpréift, dat kritt een an enger Ausstellung hei am Gebai erkläert. Dofir kënne sech och Schoulklassen umellen. Weider Sujeten am Iwwerbléck sinn Hierscht-Aktivitéiten am Eltereforum an e riiiiiiise Kürbis-Mosaik a Groussbritannien.

Back to Top
CIM LOGO