Fir 30. Anniversaire vum Roude Kräiz KielenLimitéiert Editioun vu Péckvillercher vum Usch Biver gi fir de gudden Zweck versteet

RTL Lëtzebuerg
Fir den Ofschloss vum 30. Anniversaire vun der Lokalsektioun Kielen vum Lëtzebuerger Roude Kräiz ginn online 30 eenzegaarteg Péckvillercher versteet.
© Rout Kräiz

All Stéck huet de Lëtzebuerger Aulebäcker Usch Biver selwer vun Hand aus Nouspelter Leem gedréint, nummeréiert an de Sigel "Echt Nouspelt" drop gemaach. D'Editioun, déi den Usch Biver der Lokalsektioun Kielen fir hiren 30. Jubiläum geschenkt hat, ass limitéiert. 30 Stéck dovu ginn elo op der belscher Plattform Hameriq fir de gudden Zweck versteet.

Bis e Samschdeg, den 28. November um 22 Auer kann een nach esou een eenzegaartegt Stéck Lëtzebuerger Handwierk kréien. Wie sech déi limitéiert Editioun Péckvillercher ukucke wëll, kann dat nach dëse Freideg a Samschdeg um Stand vum Roude Kräiz um Chrëschtmaart Jingle & Mingle am Stade Albert Berchem zu Kielen maachen.

Den Erléis vun der Stee geet zu 100% a Projete vum Lëtzebuerger Roude Kräiz.

Den Detail vun der Stee an iwwer den 30. Anniversaire vun der Kielener Sektioun vum Lëtzebuerger Roude Kräiz fannt Dir ënnert anerem op hirem Facebook-Site.

Back to Top
CIM LOGO