MEGARE KannerforumFir e méi kannerfrëndleche Garer Quartier

Julie Thilges
Méi Planzen, méi Spillplazen – d'Kanner am MEGARE Kannerforum hunn Iddie gesammelt, fir de Garer Quartier ëmzegestalten.

Op verschidden Aart a Weise konnten d'Kanner aus dem Garer Quartier festhalen, wat si iwwert dësen Deel vun der Stad denken. D'UpFoundation hat am Atelier Workshops organiséiert am Beräich vu SlamPoetry, Micro-Trottoiren an och der Konscht. Et geet ganz konkret drëms, ze kucken, wat d'Kanner gutt fannen a wat si wéi géinge verbesseren.

D'Yeva, 10 Joer, fënnt d'Spillplaz flott, seet awer, dass méi Saache fir déi ganz kleng Kanner kéinten dobäi sinn. An den Antoni, 9 Joer, seet, dass hie gär am Park Futtball a Basket spillt. D'Sarah, 11 Joer, seet, dass méi Beem a Planze sollten am Quartier stoen.

Dat sinn nëmmen e puer Iddie vu ganz villen, déi d'Kanner zesummen am Forum gesammelt hunn.

Et geet awer net nëmmen drëms, Iddien ze sammelen. Mee et soll och zu konkrete Resultater kommen, esou de Ben Piret, Direkter vun der UpFoundation: "Zum Schluss vum Forum wäerten eng Kéier verschidde Kanner d'Wuert kréien, fir am Plenum Iddien nach eng Kéier méi grouss ze presentéieren an an enger zweeter Phas wäerte mer dann zesumme mat representative Kanner an d'Gemeng goen, fir déi Iddie bei de politesche Verantwortleche virzestellen."

Ee politesche Verantwortleche war souwuel moies ewéi och mëttes present am Forum — den CSV-Stater Schoulschäffe Paul Galles iwwert d'Kanner: "Si sinn net nëmmen d'Erwuesse vun der Zukunft, si sinn d'Kanner vun haut. A mir bauen natierlech oft eng Welt, déi aus den Ae vun den Erwuessene gebaut gëtt. A mir vergiessen oft, dass Kanner ganz aner Bedierfnisser hunn. An dofir hu mir eis entscheet, hei an der Stad Lëtzebuerg eng kannerfrëndlech Stad wëllen ze sinn, eng kannerfrëndlech Gemeng an ze kucken, wéi erliewen d'Kanner hire Quartier, hir Gemeng an dann eeben dorop ze lauschteren. Dat ass awer fir eis enorm wichteg, mega wichteg, MEGARE wichteg, dass Kanner eis hir Meenung soen."  

De Garer Quartier ass am Fokus, well et eng multikulturell Plaz ass, op där d'UpFoundation vill Entwécklungspotenzial gesäit. An zwee Joer soll nach eng Kéier de Megare Kannerforum organiséiert ginn. Bannent dësen zwee Joer wëll d'UpFoundation sech an och der Politik Zäit loossen, d'Iddie vun de Kanner auszeschaffen an ze konkretiséieren.

Back to Top
CIM LOGO