
D’Fuerschungsinstitut fir Nimm zu Bielefeld huet d’Gebuertsschäiner vun iwwer 250.000 Puppelcher analyséiert, an domat eng Top-10-Lëscht vun de beléiftste Virnimm an Däitschland erstallt. Wärend bei de Meedercher den Numm Emilia nach ëmmer op Plaz 1 steet, ass den Numm Noah bei de Jongen no 2020 erëm un der Spëtzt vum Klassement.
Obwuel verschidden Nimm scho “méi laang an den Top Ten” stinn, gëtt ee Virnumm fir Jongen ëmmer méi beléift. Den Numm Theo “ass an de leschte Joren ëmmer méi héich” am Ranking geklommen an ass “elo schonn op Plaz sechs”, wéi de Virnumm-Expert Knud Bielefeld erkläert.
Donieft rutscht de Jongennumm Ben, dee bis 2020 néng Joer laang un der Spëtzt vum Klassement stoung, ëmmer méi erof an ass aktuell op der leschter Plaz.
No Emilia stinn d’Meederchersnimm Emma a Mia op Plaz zwee an dräi vum Klassement. Bei de Jonge sinn et Matteo an Elias, déi no Noah kommen.