
De Mann huet seng 85 Joer al Groussmamm ugeruff an uginn, datt hie sech an der Gewalt vu dubiéise Persoune géif befannen. Si wiere mat him an enger Hütt bei Rostock a si géifen him eppes undoen, wann hien hinnen net ganz séier 400 bis 600 Euro géif ginn.
Senger Groussmamm koum dës Ufro awer komesch vir a si huet d’Police alarméiert. D’Beamte konnten den 29 Joer ale Mann dann och um Handy erreechen. Hien huet zouginn, datt dat Ganzt en Trick war, well hien d’Sue fir seng Fräizäit gebraucht hätt. Hie géif vu senger Famill keng finanziell Hëllef kréien, esou de Mann.
Fir wierklech auszeschléissen, datt den 29 Joer ale Mann a Gefor ass, huet hie sech perséinlech mat Beamte vun der Police missten treffen. Dono hunn d’Beamte sech och mat der Groussmamm getraff, déi hinnen hir Siicht vun der Situatioun erkläert huet. Si huet d’Verhale vun hirem Enkel net verstanen, wier awer frou, datt et him géif gutt goen, heescht et vun der Police.
Weider gouf awer och matgedeelt, datt elo Ermëttlunge géint de Mann lafen, datt wéinst Virtäusche vun enger Strofdot a versichtem Bedruch.