Grousse Bank-Déifstall zu GelsenkirchenErmëttler schätzen de Schued op 30 Milliounen Euro

Jeff Birsens
E Méindeg war bei enger Agence vun der Sparkasse am däitsche Gelsenkirchen e groussen Déifstall opgeflunn. Elo hunn d'Ermëttler éischt Detailer genannt.
© Photo by CHRISTOPH REICHWEIN / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Een Dag nom groussen Déifstall an enger Agence vun der Sparkasse zu Gelsenkirchen hunn d’Ermëttler en Dënschdeg matgedeelt, datt bei der ganzer Aktioun Wäertgéigestänn a -Pabeieren an Héicht vu ronn 30 Milliounen Euro geklaut goufen. 3.200 eenzel Tresore sollen dobäi opgebrach gi sinn.

D’Täter ware vun engem Parking aus an d’Gebai vun der Bank agedrongen. Duerno hätt de Wee duerch eng Rei Dieren an den Archivraum gefouert, vu wou aus da mat enger spezieller Buermaschinn d’Lach an d’Mauer vum Tresor-Raum gebuert gouf. Do hu si dann alles eidel geraumt a sech mat de geklaute Saachen onbemierkt duerch d’Bascht gemaach. Opgefall war dat Ganzt just, well d’Pompjeeë wéinst engem ausgeléiste Feieralarm um 3 Auer moies an d’Agence geruff gi waren.

D’Ermëttlung vun der genauer Zomm vum finanzielle Schued wäert nach méi laang daueren. Well d’Banke selwer net wëssen, wat an de verschiddenen Tresore läit, mussen an engem éischte Schrëtt déi betraffe Leit constatéiert a kontaktéiert ginn. Wéi e Spriecher vun der Bank matgedeelt huet, wier all Tresor grondsätzlech mat 10.300 Euro verséchert.

Artikel vum 29.12.2025

Back to Top
CIM LOGO