"Expo Trains" zu WalferSpaass fir Kleng a Grouss

Christophe Hochard
Ëmmer um 2. Weekend am November ass de Rendez-vous mat de Modelleisebunnen zu Walfer.

Fir d'43.Kéier gëtt zu Walfer am Centre Prince Henri d'Expo Trains organiséiert. Eng 19 Aussteller presentéieren hir Modelleisebunn. Si kommen ë.a. aus Holland, Däitschland, Polen an Norwegen.

Vill verschidde Lokomotiven an Zich gesäit een op deene verschiddenste Plazen op der Welt am Asaz. Vum Äerzgebirge iwwer d'Ardèche bis hin zu enger fiktiver Plaz an den USA. Dausende Stonne vun Aarbecht stiechen an de Maquetten.

Um Sonndeg kann een nach vu moies 10 bis nomëttes 5 kucke goen. Den Entrée kascht 9 € Kanner bis 12 Joer si gratis.

Back to Top
CIM LOGO