A ganz EuropaFindel lant op Plaz 2 vun de stressfräiste Fluchhäfen

RTL Lëtzebuerg
Mam Fliger reesen, ka stresseg sinn. De Gate fannen, den Uschlossfluch net verpassen an iwwerall genervte Passagéier.
© Photographie David-Prado/ Getty Images via AFP

Déi Erfarung hu warscheinlech scho vill Leit gemaach, déi geleeëntlech emol mam Fliger fléien. Séier geréit ee selwer an eng stresseg Situatioun oder et begéint ee Leit, déi iwwerfuerdert sinn, fir nach mat Zäiten op hire Gate ze kommen. Grad op grousse Fluchhäfen ass dat gären emol de Fall.

D’Internetportal Schengenvisa huet elo déi 10 Fluchhäfe publizéiert, wou een am “stressfräiste” reese kann. An dobäi kënnt de LuxAirport op d’Plaz 2, hanner Billund an Dänemark a viru Vilnius a Litauen.

Fannt de Detail vun der Etüd bei eise Kolleege vun RTL Infos.

Back to Top
CIM LOGO