
Déi 47 Joer al Fra wier mat enger anerer Persoun a der Géigend vun der Lake Lodge am Norde vum Yellowstone-Séi ënnerwee gewiescht, wéi si zwee Bisonen entdeckt hunn. Nodeems déi zwee Mënsche sech ëmgedréint hätten, fir fort ze goen, hätt eent vun den Déieren d’Fra ugegraff.
Déi schwéier blesséiert Fra wier mat “erhieflechen” Blessuren un der Broscht an um Bauch mam Helikopter an e Spidol zu Idaho bruecht ginn. Weider Detailer zum Oflaf vum Virfall oder dem Gesondheetszoustand vun der Fra konnt de Park nach net matdeelen. Donieft wier et och net kloer, wéi no d’Mënschen de Bisone komm wieren.
De Park erënnert an deem Sënn un d’Virschrëft, en Ofstand vun op d’mannst 23 Meter zu alle groussen Déieren - ënnert anerem Bisonen an Elchen - anzehalen. “Bisone sinn onberechenbar a kënnen dräimol sou séier renne wéi Mënschen”, warnt de Park. Wärend der “Paarungszäit” vu Mëtt Juli bis Mëtt August wieren d’Déiere besonnesch liicht buuschteg, wisou een hinnen nach méi Plaz soll loossen an nach besser soll oppassen.