
Den zoustännege Ministère huet de privaten an ëffentlechen Héichschoulen an engem Schreiwes matgedeelt, si dierften keng Frae fir d’Examen fir dat nächst akademescht Joer zouloossen.
Domadder zerstéieren d’Taliban och d’Hoffnung vun deenen, déi gemengt haten, den Afghanistan géif d’Héichschoulverbuet géint Frae wéinst de Protester am eegene Land a schaarfer internationaler Kritik nees réckgängeg maachen.