
Dat mellt d’Noriichtenagence AFP. Deemno sollen “eng Rei Persounen” an d’Haus vum Donnarumma am 8. Arrondissement zu Paräis agedronge sinn. Souwuel hien a seng Frëndin, déi béid gefesselt goufen, koumen nom Virfall an e Spidol. D’Täter solle Géigestänn am Wäert vu bis zu 500.000 Euro matgoe gelooss hunn. Eng Spezialunitéit vun der Paräisser Police huet d’Ermëttlungen opgeholl.
De 24 Joer alen Donnarumma spillt zanter 2 Joer fir de PSG. An der Vergaangenheet sinn eng Rei Spiller vum Veräin aus der Haaptstad Affer vun Iwwerfäll ginn. Dorënner de Presnel Kimpembe, Marquinhos, Thiago Silva an Angel Di Maria.