Handbrems vergiessGeléinte seelene Luxus-Sportswon rullt an Taiwan Bierg erof an ass Schrott

RTL Lëtzebuerg
E Video mécht grad d'Ronn op de Soziale Medien, deen e richteg deiere Luxuswon weist, bei deem de Chauffer vergiess hat d'Handbrems ze zéien.
Op der Milano AutoClassica an Italien konnt een dëst Joer en Dallara Stradale bewonneren.
© ANDREA CARRUBBA/Anadolu via AFP

E richteg deiere Versinn ass e Sonndeg an Taiwan geschitt. Op Videoopnamen, déi zanter kuerzem am Internet gedeelt ginn, ass ee seelenen Dallara Stradale ze gesinn, deen op engem Hiwwel geparkt steet nieft anere luxuriéise Sportsween. Ma op eemol setzt sech de Won a Beweegung a rullt de Bierg erof. De Chauffer versicht nach hannendrun ze sprinten, ma ausser dem Ongléck nozekucken, kann hien net méi vill maachen. 100 Meter fält den Auto de Bierg erof an ass Schrott.

Eng Saach vu Sekonnen, déi bestëmmt schonn honnerte Leit geschitt ass. Ma an dësem Fall ass et awer e richteg deiere Versinn. Den Dallara Stradale, ee vun nëmme 600 weltwäit, kascht knapp 450.000 Euro.

Et kënnt nach dobäi, dass dësen Auto just geléint war an och eréischt zanter kuerzem zougelooss gi war. D'Police ënnersicht de Virfall.

Back to Top
CIM LOGO