DiffamatiounsprozessJohnny Depp geet géint d'Urteel vu Schuedenersatz an Appell

RTL Lëtzebuerg
De Schauspiller geet géint d'Urteel vir, deem no hien 2 Milliounen Dollar Schuedenersatz u seng Ex-Fra Amber Heard bezuele muss.
© POOL/AFP/File/Michael REYNOLDS

Wéi US-Medie mellen, sinn d’Affekote vum Johnny Depp am Prozess tëscht him a senger Ex-Fra an Appell gaangen. Am Schreiwes, dat d’Juriste beim Geriicht zu Fairfax County agereecht hunn, heescht et, datt d’Decisioun vum Jury feelerhaft gewiescht wier.

Beim Diffamatiounsprozess, an deem sech den Johnny Depp an d’Amber Heard haislech Gewalt reprochéiert haten, huet d’Jury d’Amber Heard zwar an alle Punkten, déi den US-Schauspiller hir virgeworf huet, schëlleg gesprach, ma an e puer Punkte krut d’Schauspillerin och Recht. Dem Urteel vun der Jury no muss den Depp deemno zwou Milliounen Dollar wéinst Aussoe vu sengem fréieren Affekot u seng Ex-Fra bezuelen. Dat well d’Äusserungen dem Ruff vun der Amber Heard geschuet sollen hunn. Den US-Schauspiller huet allerdéngs betount, datt hien net fir d’Aussoe vum Affekot responsabel wier. Géint dat Urteel ass den US-Schauspiller elo an Appell gaangen.

RTL News: Informatioune vun Affekotin: Amber Heard ka Millioune-Strof un Johnny Depp net bezuelen
RTL News: Diffamatiounsprozess: Amber Heard an alle Punkte schëlleg gesprach

Back to Top
CIM LOGO