
De 15 Joe Jonke wier der Police no en Dënschdeg mam Zuch aus der Géigend vu Bonn op Berlin gefuer an hätt do en Auto gelount. Zesumme mat véier anere Jugendlechen, déi sech beim Fueren ofgewiesselt hunn, goung et du vu Berlin iwwer Brandenburg op Frankfurt am Main bis a Rheinland-Pfalz. Am Ganze koume si op ronn 1.740 Kilometer.
An der Géigend vun Neuwied net wäit vu Koblenz ewech ass d’Gefier op enger Landstrooss vun der Bunn ofkomm an am Summerwee gelant. Wéi d’Police matdeelt, hätt een den Audi e Freideg de Moien entdeckt, ma vun de Passagéier gouf et keng Spuer. De Schued um Auto, deen net méi an engem Zoustand war, datt een hätt kéinten domadder fueren, gouf op ronn 10.000 Euro chiffréiert.
Géint déi fënnef Jugendlech lafen elo Ermëttlungen wéinst Fueren ouni Permis a Flucht no engem Accident.