
Wéi d’Police aus dem Tirol schreift, hätt sech d’Aktivisten op d’Fuerbunn vun der A13 a Richtung Italien gepecht. Wéinst dësem Tëschefall wier e Stau vun e puer Kilometer entstanen, ma et hätt een d’Situatioun innerhalb vun enger Stonn geléist gehat.
Éier d’Beamten agetraff sinn, hätt et onschéin Zeenen tëscht den Demonstranten an den Autofuerer ginn.