Fir d'éischt mam Kannervëlo, da mat de LafschongLëtzebuerg schéngt bei auslännesche Youtuber beléift ze sinn

RTL Lëtzebuerg
Leschte Mount ass e brittesche Youtuber mat engem Kannervëlo queesch duerch d'Land gefuer. Dat huet elo een aneren inspiréiert, op Lëtzebuerg ze kommen.
© Screenshot vu Youtube/ Oskar Wnuk

De Britt Max Fosh huet et virgemaach. Hien ass an d’Belsch geflunn an du weider un d’Lëtzebuerger Grenz gereest. Hei huet hie sech e rosa Kannervëlo kaf an ass mat dësem eemol queesch duerch d’Land gefuer, vu Maartel op Bollenduerf.

Säi Video ass am Internet gutt ukomm an huet den Oskar Wnuk inspiréiert, iwwer Dublin op Lëtzebuerg ze fléien. Ouni Kannervëlo dofir awer mat gudde Lafschong mécht hie sech op de Wee a leeft déi selwecht Streck, wéi säi Virgänger. 50 Kilometer vu Maartel iwwer Ettelbréck an Dikrech, ier en zu Bollenduerf no méi wéi 6 Stonnen an d’Zil leeft.

Et goung fir de jonke Youtuber awer net nëmmen drëm, dës Challenge nozemaachen. Hie wollt och op eng Krankheet opmierksam maachen: Multipel Sklerose. Seng Schwëster krut dës Diagnos viru sechs Joer an hiren Zoustand gëtt ëmmer méi schlecht. Mat sengem Tour queesch duerch Lëtzebuerg wëll hien also och op e Spendenopruff opmierksam maachen. Am Internet sammelt hie Suen, fir d’Fuerschung an d’Behandlung vu Multipel Sklerose finanziell ze ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO