Juegdgewier um AutossëtzMann an den USA vu sengem eegenen Hond erschoss

RTL Lëtzebuerg
En dommen Zoufall huet sech an en tragesche Virfall an den USA entwéckelt.
© AFP Archivbild

E Mann ass do vu sengem eegenen Hond erschoss ginn. D’Déier war no engem Juegdausfluch um hënneschte Sëtz am Auto, sou d’Police am US-Bundesstaat Kansas. Do war awer och d’Juegdgewier an anert Material. De Mupp wier wuel op d’Gewier getrëppelt an hätt esou e Schoss ausgeléist.

Den 30 Joer ale Mann wier beim Tëschefall de leschte Weekend zu Sumner am Réck getraff ginn. Hie souz op der Bäifuerersäit an ass nach op der Plaz verscheet. D’Ermëttlunge géingen nach daueren, ma et wier awer sécher, dass et sech ëm e “Juegdaccident” handelt.

Back to Top
CIM LOGO