
Zu Kassel ass ee 52 Joer ale Mann vu senger Expartnerin erstach ginn. Beim Sträit gouf déi 46 Joer al Fra schwéier blesséiert, ma no enger Noutoperatioun ass si awer net méi a Liewensgefor. Der Police no hunn déi zwee getrennt vunenee gewunnt, bei engem Treffe koum et dunn zu der Ausernanersetzung mat déidleche Suitten. Eng Obduktioun soll Kloerheet iwwert den Oflaf vum Sträit bréngen.