Kleng HeldinMeedche rifft per Videouruff Hëllef fir seng Boma

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch war et enger eelerer Fra op eemol schlecht ginn a si ass an d'Gette gaangen. Hir Enkelin vu 4 Joer war op Zack a konnt Hëllef ruffen.
© AFP Archivbild

Mat engem Videouruff iwwer Handy huet dat klengt Meedchen am bayresche Kissing medezinesch Hëllef fir seng Boma organiséiert. Si war staark ënnerzockert an an der Kichen zesummegaangen.

Dat Klengt hätt direkt erkannt, wéi eescht d’Situatioun wier an huet de virprogramméierten Handy vu senger Boma geholl an doriwwer senger Mamm ugeruff. Déi huet d’Police verstännegt an huet hir Duechter nach iwwert de Videouruff opgefuerdert, dem Rettungsdéngscht d’Dier opzemaachen.

De Samusdokter huet d’Boma noutversuergt. D’Police huet dat klengt Meedchen iwwerdeems vill fir säin Asaz gelueft, et hätt der Boma d’Liewe gerett. Als Merci krut et vun de Retter a Petzi geschenkt. Ob et bei deem wäert bleiwen?

Back to Top
CIM LOGO