Op der Musel - Deel 2"Mir ass net baang fir d'Zukunft vum Wäibau op der Musel"

Christian Schmit
De Chef de Service Viticulture vun der Wäibau-Statioun Marc Fiedler erkläert d'Beschafenheet vum Buedem am Terroir tëscht Schengen a Waasserbëlleg.
De Marc Fiedler am Wéngert
De Marc Fiedler am Wéngert
© Christian Schmit

“Mir ass net baang fir d’Zukunft vum Wäibau op der Musel”

De Marc Fiedler hëlt eis mat op déi gutt 40 Kilometer Wéngerte laanscht d’Musel. Erstaunlech, wéi grouss d’Diversitéit an de Biedem am Wangert dach ass. Tëschent Schengen a Stadbriedemes ass et éischter Keuper.

“Wann een d’Landschaft kuckt, dann huet een do méi eng douce Landschaft, net grad esou géi Wäibierger, dat bewierkt eng gewësse Struktur an de Wäiner, mir hunn do ganz harmonesch, ronn Wäiner.”

De Muschelkallek dominéiert vun Éinen bis Waasserbëlleg.

“An de méi stengege Biedem, déi manner Waasser kënne späicheren, hu mir ganz déif Wuerzelen. An dat bewierkt eng gewësse Mineralik, eng Eleganz, jo e bëssche méi elegant, méi fein Wäiner.”

D’Parzellen un der Sauer mat Dolomit, Sandsteen an Toun, fir op der Our dann am Schieferbuedem unzekommen. Eis Musel ass ideal fir Wäibau, dat wossten d’Réimer scho virun 1.600 Joer.

“Bis haut ass d’Musel en ideale Standuert fir de Wäibau. Mat engem wonnerbare Mikroklima, mir hunn Däller, déi schéin ageschnidde sinn, déi d’Riewe schützen. Mat enger Sonnenastralung, déi perfekt ass mat Wärmespäicherung. Dat alles bewierkt, dass de Wäibau sech awer op der Musel duerchgesat huet.”

De Chef de Service Viticulture vun der Wäibau-Statioun
De Chef de Service Viticulture vun der Wäibau-Statioun
© Christian Schmit

Dem Begrëff Terroir gëtt dacks eppes Mystesches nogesot, mee Wäikenner gesinn dat och emol duerchaus anescht a mengen, den Terroir wär éischter eng sozial a keng geologesch Tatsaach.

“Genee. Am Mëttelpunkt ass natierlech deen, deen um Terroir schafft, an Deel vum Terroir ass, de Wënzer. Dee ka säi Wäin extrem staark duerch seng Aarbecht am Wéngert beaflossen. Dat geet vun der Buedembeaarbechtung, iwwer d’Entbliedere bis bei d’Schneiden. An natierlech och am Keller, fir Wäiner ze beaflossen.”

“Den Terroir huet geologesch Komponenten, biologesch Komponenten, awer och där sozialer. Op eisen Topplagen op eiser Musel hu mir ganz vill talentéiert an topp motivéiert Wënzer schaffen, déi aus deem Terroir dat Bescht eraushuelen, an dowéinst ass et

mir och net baang fir d’Zukunft vum Wäibau op der Musel.”

Topp Lagen op eiser Musel?

“Mir hu ganz vill där Topplagen op eiser Musel. Dat ass e Wormer Köppchen, dat ass e Palmbierg, Wëntrenger Felsbierg, oder Vogelsang. Vill där „lieu dit“, an déi sinn all op hir Aart a Weis eenzegaarteg a brénge ganz vill flott Wäiner mat sech.”

Och de Chef de Service Viticulture am Institut Viti Vinicole géif seng Arbecht als Dramjob bezeechnen.

“En Draamjob, jo!”


Back to Top
CIM LOGO