Op der Musel - Deel 3Wéi en Impakt huet de Klimawandel op d'Wäiproduktioun?

Christian Schmit
Quo vadis Wéngerten a Wäin an Zäite vu Klimawandel a Konsumverhalen? De Christian Schmit huet am Institut Viti Vinicole zu Réimech nogefrot.
D'Responsabel fir Promotion Vins et Crémants Luxembourg Claire Sertznig
D’Responsabel fir Promotion Vins et Crémants Luxembourg Claire Sertznig
© Christian Schmit

An dat beim Claire Sertznig, Responsabel fir Promotion Vins et Crémants Luxembourg, an dem Marc Fiedler, Chef de Service Viticulture.

Wéi en Impakt huet de Klimawandel op d’Wäiproduktioun?

De Klimawandel ass net méi vun der Hand ze weisen, mee ass dat elo fir de Wënzer Fluch oder Seegen?

“Effektiv béides. Also mir hunn duerch de Klimawandel eng Rei Zorten, déi mir duerch de Klimawandel besser zeideg kréien, mee natierlech ass d‘Aarbecht an a mat der Natur eppes, wat esou onberechenbar ginn ass, wou Extreemer mat Reen, Schnéi, Frascht, oder eben och Dréchent Stress fir d’Drauwen duerstellt, sou dass de Wënzer sech net kann all Joer wéi dat anert virbereeden.”

Am Ausland, an och op eiser Musel gesäit een, dass Wéngerte brooch leien, zou wucheren, oder carrement verschwannen, sou dass sech d’Bild vun der Landschaft kéint veränneren.

“Et ass e Phenomen weltwäit, dass d’Rieffläche lues a lues ofgebaut ginn duerch de Konsum, deen erof geet, an et esou eigentlech schonn ëmmer eng Iwwerproduktioun gouf. Hei zu Lëtzebuerg ass dat och, mee mir probéieren natierlech, beschtméiglech dogéint ze steieren, wëll d’Musel ouni eis Wéngerten dat kennt een net, dat wëllt een och iwwerhaapt net kenneléieren.”

© Christian Schmit

Wa Wéngerten verwilderen, net méi genotzt ginn, da kann dat fir déi ronderëm e Problem gi mat Kränkten, déi sech kéinten iwwerdroen. Dowéinst gëtt ëmmer méi op Diversitéit a Vitiforesterie gesat.

“D’Aart a Weis, wéi am Wéngert geschafft gëtt, ännert sech. Duerch di Jonk, déi do elo erakommen, kënnt e ganz anert Bewosstsinn fir klimaneutraalt an Ëmweltbewosstsinn. D’Aarbecht u sech ass e bësschen anescht. Natierlech passt ee sech der Saach beschtméiglech un, dat heescht, et sinn aner Zorte,n déi am Wéngert stinn, an déi ginn och anescht bewirtschaft.”

D’Konsumverhalen ännert och, et gëtt manner consomméiert, ass dat e weideren Challenge?

“Dass mir als Konsumenten och haut anescht ticke wéi dat virun 30, 40 oder 50 Joer de Fall war. De Konsument ass anescht ginn, en drénkt manner Alkohol, en drénkt gären aner Wäiner wéi dat vläicht virun enger gewëssen Zäit de Fall war. Dat ass e groussen Challenge um Niveau Marketing. Mir musse weisen, dass mir flott an eenzegaarteg Produkter hunn, déi awer och op de Konsument ausgeluecht sinn.”

Wéi kann den Institut Viti Vinicole als Beroder hei dem Wënzer eng Stäip sinn?

“Nozelauschteren an op hir Besoinen an op hir Froen iwwerhaapt emol anzegoen. An dann ass et jo och esou, dass den Institut Viti Vinicole och d’Verbindung zum Ministère ass, an do soen ech elo mol als Verhandelspartner kann dobäi sinn, fir Doléancen vun de Wënzer un de Ministère erunzebréngen. Wéi eng politesch Schrauwe kënne gedréint ginn, fir entweder entgéint ze wierken, oder eben dat Ganzt ze pushen, an ech mengen, et ass genee dat, wat den IVV mécht.”


Back to Top
CIM LOGO