
Zënter Juni 2023 ass de Paul Thill Wäi-Kontroller beim Insitut Viti Vinicole. Fir de studéierte Chemiker ass eng Virléift zum Wäin zwar vu Virdeel, awer keng Mussesaach. Et sollt een awer och wëssen, wéi legislativ bei eis an zu Bréissel geschafft gëtt.
Wéi gesinn d’Aufgabe vun engem Wäi-Kontroller aus?
“Also d’Missioun vum Wäi-Kontroller, déi ass villfälteg. Dat mécht et och interessant. Fir unzefänken, Kontroll beim Wënzer am Keller. Fir ze kucken, dass och net méi Wäin am Keller läit, wéi e gezillt huet. Awer och Etiquetagë kontrolléieren, den administrative Volet kucken, ob alles seng Richtegkeet huet. All Wäin huet seng Karteikaart am Keller. Dat nenne mir dann de Wäi-Regëster. Do musse mir dann och de Wäin erëmfannen, deen de Wënzer opgeschriwwen huet. Et muss novollzéibar sinn, wéi hien de Wäi behandelt huet, éier en dann an d’Fläsch komm ass. An dat, wat interessant ass: natierlech de Wäi schmaachen, well all Wäiner vun der AOP, Appellation d’origine protégée luxembourgeoise, ginn hei am Land geschmaacht.”
A schmaachen heescht net drénken. A well Wäin e Liewesmëttel ass, mussen eng Rei Parameteren agehale ginn, an dat geschitt am Wäi-Labo vum IVV.
Falen och emol Wäiner duerch?
“Et falen och Wäiner duerch. Wäin ass e liewege Produit, et sinn och Wënzer, déi emol méi oder manner experimentéiere mat hire Wäiner. Dat muss net ëmmer riicht ausgoen, dat ka schifgoen, déi Wäiner sinn dann opfälleg, falen dann duerch. Mee de Wënzer huet nach ëmmer d’Méiglechkeet, eng Korrektur ze maachen, fir de Wäin nach eng Kéier “unzestellen”, wéi dat am Fachjargon heescht, also nach eng Kéier d’Chance, fir gepréift ze ginn.”
Anescht wéi alt emol am Ausland géif hei net gefuddelt, well, esou de Paul Thill, mir e klengt Land si mat engem klenge Marché, wou d’Wënzer sech all ënnerenee kennen, an dee gëllt et ze schützen. Hei hu mir garantéiert authentesch Wäiner, esou wéi de Cahier de charge Appellation d’Origine protégée dat virgesäit.
Ass den Domaine de l’Etat zu Réimech, dee selwer Wäiner a Cremant produzéiert, genee esou streng?
“Natierlech. Well mir schmaache jo blann. Ech weess net, wat um Dësch ass, a wat op den Dësch kënnt. Ech iwwerpréiwen och net, wat u Wäiner ugestallt ass, herno kucke mir natierlech e bësschen, wat erausgaangen ass. Ech schmaachen an der Kommissioun 100% blann Echantillonen, wou mir net wëssen, wou si hierkommen. Also weess ech net, ob mir Wäiner dobäi hunn, an ob si et paken, oder net.”
Ginn et och Wäi-Kontrolleren am Ausland?
“Jo et ass eng europäesch Verpflichtung. All Land huet eng Kontroll-Obligatioun vun hirem Marché intern. Awer mir kucken och, souwéi d’Kolleegen am Ausland, wat vun Import erakënnt, ob dat grad esou konform ass, wéi déi inländesch Produiten zu der nationaler respektiv europäescher Gesetzgebung.”
Fir de Paul Thill ass de Beruff vum Wäi-Kontroll en Dramjob.