"O'zapft is!"Münchener Oktoberfest ass offiziell lancéiert

RTL Lëtzebuerg
"O'zapft is!": déi Wierder héiert ee gär zu München, well dat heescht, dass d'Oktoberfest un ass.
Mit dem traditionellen Fassanstich hat am Samstagmittag das 191. Münchner Oktoberfest begonnen. Erstmals stach dafür Münchens neuer Oberbürgermeister Dominik Krause (Grüne) das erste Bierfass an - zwei kräftige Schläge genügten ihm dafür.
Déi éischt Visiteure sprinten iwwert de Site vum Oktoberfest. D'Plazen an den Zelter sinn immens gefrot.
© AFP

Déi zwou Woche "Wiesn" sinn offiziell amgaangen. De relativ neie gréngen Oberbürgermeister Dominik Krause huet e Samschdeg de Moie mat zwee Coupen dat éischt Béierfaass ugezaapt.
Dat am Schottenhamel-Festzelt op der Theresienwiese. Och de bayresche Ministerpresident Markus Söder vun der CSU war bei der Ouverture vum 191. Oktoberfest dobäi.

Zentral Roll vum Oktoberfest spillt natierlech traditionell de Béier, deen dëst Joer bis zu 15,90 Euro d'Maass kaschte wäert. Zejoert haten déi ronn sechsanenghallef Millioun Visiteuren sechsanenghallef Millioun Maass Béier gedronk, wat ee Liter Béier op de Kapp entsprécht.

Back to Top
CIM LOGO