Wanterfeeling zu Suessem10.000 Visiteure wärend den éischten zwee Deeg

Christophe Hochard
Et ass déi 18.Editioun vum Wanterfeeling zu Suessem. E grousse Succès bei Grouss a Kleng.

Op den éischten zwee Deeg goufen am Ganzen 10.000 Visiteure gezielt. Ganz vill Leit waren um Samschdenowend do, fir sech dat grousst Feierspektakel net entgoen ze loossen. D'Compagnie "Opera Fiammae" aus Italien ware Feier a Flam. Och d'Akrobaten am Zirkuszelt hu fir déi richteg Stëmmung ënnert de Leit gesuergt.   

Déi éischte Jore gouf et e Summer- a Wanterfeeling. Elo gëtt sech voll a ganz op den zweetgenannte konzentréiert. D'Plaz ronderëm dat fréiert Kannerschlass ass och ideal, fir esou e grousst Evenement an der Gemeng Suessem z'organiséieren. Laang Deeg am viraus gëtt den Terrain ronderëm preparéiert. Mulch gëtt ofgetippt, dat d'Leit bei schlechtem Wieder awer propper trëppele kënnen. 

Dräi Deeg Animatioun, Spektakel a vill verschidde Verkafsstänn. Déi Jonk bis 16 Joer si fräi. Den Entrée fir déi Erwuesse läit bei 10 Euro fir déi 3 Deeg. 

Back to Top
CIM LOGO