Kontakt verluerNASA héiert "Häerzschlag" vu "Voyager 2"-Sonde

RTL Lëtzebuerg
Der US-Raumfaartagence ass et gelongen, e Signal vun der Weltraumsonde ze kréien, nodeems de Kontakt zu der Voyager 2 ofgebrach war.
E Modell vun den Openthaltsplaze vun de Sondë Voyager 2 a Voyager 1 am Joer 2018.
E Modell vun den Openthaltsplaze vun de Sondë Voyager 2 a Voyager 1 am Joer 2018.
© NASA/JPL-CALTECH/AFP/HO

Mat der Hëllef vum “Deep Space Network a Radiowëssenschaftsgruppen” konnt d’NASA, “d’Häerzschlag-Signal vun der Raumsonde gesinn”, wéi d’Suzanne Dodd, Chef de projet vu Voyager, erkläert. “Mir wëssen also, datt d’Sonde lieft a funktionéiert.”

Den 21. Juli ware Befeeler un d’Voyager 2 geschéckt ginn, duerch déi sech d’Antenn ëm zwee Grad vun der Äerd ewech ausgeriicht huet. Duerch d’Ännerung huet d’NASA de Kontakt zu der Weltraumsonde verluer, wouduerch den onbemannte Fluchkierper aktuell ëmmer méi déif an den interstellare Raum erandreift, ouni datt Fluchkontrolleren Accès dorop hunn.

D’Missiounsteam war positiv iwwerrascht, datt et “d’Trägersignal” vun der Sonde mam Deep Space Network erreecht huet. D’Deep Space Network sinn eng ganz Partie internationaler riseger Funkantennen, déi et der NASA erméiglecht, mat Missiounen am ganze Kosmos ze kommunizéieren.

D’NASA start deemno en neie Versuch mat engem Signal un d’Sonde, fir datt sech d’Antenn nees a Richtung Äerd orientéiert. “Et gëtt eng geréng Warscheinlechkeet, datt dat funktionéiert”, betount d’Suzanne Dodd.

Sollt dat net klappen, muss d’NASA nach bis Mëtt Oktober waarden. Dann orientéiert sech d’Antenn automatesch nei a weist nees op d’Äerd. Esou soll d’Kommunikatioun dann och erëm méiglech sinn.

Back to Top
CIM LOGO