Grouss OuvertureNeie Cactus zu Lalleng huet endlech seng Dieren opgemaach

RTL Lëtzebuerg
Jorelaang hunn d'Awunner aus an ëm d'Minettmetropole drop gewaart, datt den neien a moderne Lëtzebuerger Supermarché opgeet. En Dënschdeg war et esou wäit.
Neie Cactus zu Lalleng huet seng Dieren opgemaach
Jorelaang hunn d’Awunner aus an ëm d’Minettmetropole drop gewaart, datt den neien a moderne Lëtzebuerger Supermarché opgeet. En Dënschdeg war et esou wäit.

18 Joer huet et gedauert, bis aus de Pläng och e Supermarché entstanen ass. Mat 7.000 Quadratmeter Verkafsfläch ass et den drëttgréisste Cactus am Land. Nieft dem Supermarché selwer sinn och 15 weider Geschäfter hei installéiert. De Projet vum grousse Lallenger Cactus huet ronn 150 Milliounen Euro kascht. Nieft dem Shoppingzenter sinn op dëser Plaz awer och nach 67 Wunnengen entstanen.

Wärend en Dënschdeg den Owend de Supermarché seng Diere fir geluede Gäscht opgemaach huet, war en vun e Mëttwoch u fir all d’Bierger op.

RTL-News vum 23.09-25: Esch/Lalleng - Neie Cactus wäert den 29. Oktober seng Dieren opmaachen
RTL-News vum 21.10.2025: No ville Joren Ongewëssheet, Planung a Bau - Exklusiven Abléck an den neie Supermarché zu Lalleng

Back to Top
CIM LOGO