No zwee Joer Pandemie gouf wéi iwwerall an der Welt gouf och an der Südsee an dat neit Joer gefeiert, ma dat awer schonn e Samschdeg géint 11 Auer moies eiser Zäit. Eng Stonn méi spéit koume Samoa, Neiséiland an Tonga.
Um 14 Auer e Samschdeg am Nomëtteg eiser Zäit gouf dann zu Sidney an Australien dat traditionell risegt Freedefeier ugefaangen, dat nodeems wéist Corona d’Feierlechkeeten déi lescht zwee Joer ausgefall waren.
Zu Paräis hu sech iwwer eng Millioun Leit nees op de Champs Elysées versammelt, fir d’Freedefeier ze kucken.
Zu New York huet et nees Konfetti gereent an och zu Dubai huet ee gefeiert, mat engem Freedefeier um héchste Gebai vun der Welt, dem Burj Khalifa.