Neie RekordNorwegerin an Nepalees op sämtlech 14 Aachtdausender an 3 Méint geklommen

RTL Lëtzebuerg
D'norwegesch Alpinistin Kristin Harila an hiren nepaleesesche Guide Tenjin Sherpa sinn am séiersten déi 14 héchste Bierger weltwäit eropgeklommen.
© AFP

Mam Erreeche vum 8.611 Meter héije Sommet vum K2 a Pakistan haten déi Zwee sämtlech Aachtdausender bannent 92 Deeg bezwongen, sou hier Ekipp en Donneschdeg. Dëse Rekord géif fir “konsequent Entschlossenheet, Teamgeescht an Hartnäckegkeet” stoen, heescht et an enger Erklärung.

Den ale Rekord hat den nepaleesesch-britteschen Alpinist Nirmal Purja am Joer 2019 opgestallt, hien hat awer duebel esou laang gebraucht.

Bis ewell sinn och just am Ganzen ongeféier 40 Männer an e puer wéineg Frae sämtlech Aachtdausender eropgeklommen. Den Éischten, deen dat gepackt huet, war 1986 den italieeneschen Alpinist Reinhold Messner.

Fir déi 37 Jore al Kristin Harila ass et net den éischte Versuch, de Rekord opzestellen. Nodeems si d’lescht Joer déi éischt 12 Bierg-Sommeten erreecht hat, hunn d’chineesesch Autoritéiten hir wéinst der Corona-Pandemie den Accord refuséiert, e Bierg am Tibet erop ze klammen.

“Ech hoffen, dass mäi Plang anerer inspiréiert an et virun allem fir Frae méi einfach hunn”, hat si deemools am Mee scho gesot. Si hat do betount, wéi schwiereg et als Fra gewiescht wier, Sponsoren ze fannen. “Et wier esou vill méi einfach gewiescht, wier ech e Mann.”

Back to Top
CIM LOGO