Paräis 2024Olympesch Fakel aus recycléiertem Stol

RTL Lëtzebuerg
Bei de Summerspiller 2024 setzen d'Organisateuren op Nohaltegkeet: Déi vum Fransous Mathieu Lehanneur designed Fakel wäert aus recycléiertem Stol sinn.
© Alain Jocard / AFP

En Dënschdeg gouf zu Paräis den Design vun der Fakel presentéiert, op där d’Olympesch Flam d’nächst Joer duerch ganz Frankräich gedroe wäert ginn.

Nieft dem nohaltegen Aspekt wier d’Fakel “fir déi éischt Kéier an hirer Geschicht absolutt symmetresch”, betount den Designer Mathieu Lehanneur. Esou géing “d’Flam besser erausstiechen”. Iwwerdeem wëll den Internationalen Olympesche Comité (IOC) mat der neier Fakel déi dräi Grondsätz vum Sportsevenement vermëttelen: “Gläichheet, Waasser a Rou”.

D’Staffel, fir déi iwwer zéngdausend Leefer ugemellt sinn, geet am Mee 2024 vu Marseille fort. D’Fakel gouf an engem Wierk a Frankräich an 2.000 Exemplaire produzéiert, déi dës Kéier awer net verkaf wäerte ginn. Eng 1.500 Olympesch Spiller a weider 500 fir d’Paralympics goufen organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO