
Mat Helikopteren an Dronen ass d’Police am Asaz. Geschwat gëtt vun engem “fräilafende geféierleche wëllen Déier”. Vun de Berliner Pompjeeën heescht et, datt et sech “warscheinlech” ëm eng Léiwin handelt.
D’Autoritéiten haten am fréie Moien, ënnert anerem iwwer Warn-Appen, eng Warnung fir d’Beräicher Kleinmachnow, Stahnsdorf an Teltow erausginn. D’Leit sollten deemno doheem bleiwen an hir Hausdéieren a Sécherheet bréngen.
Aenzeien haten der Police géint Hallefnuecht gemellt, datt si gesinn hunn, wéi eng Léiwin engem Wëllschwäin hannendru leeft. An de sozialen Netzwierker goufen och Videoe vum presuméierte Raubdéier verëffentlecht.
Wouhier d’Léiwin kënnt, respektiv vu wou se fortgelaf ass, ass net gewosst. Wéi et vun den Autoritéiten heescht, géing weder en Zoo nach en Zirkus an der Regioun esou en Déier vermëssen. Et kéint een deemno dovun ausgoen, datt et aus privater Haltung staamt.