Op Münchener Gare hin an hier getierkeltPuppelche vu staark alkoholiséiertem Papp getrennt

RTL Lëtzebuerg
Um Ostbahnhof war eng Patrull op zwee staark alkoholiséiert Männer opmierksam gemaach ginn, déi mat engem Puppelche beim Gleis hin an hier getierkelt sinn.
Symbolbild
Symbolbild
© AFP/Archiv/Ina FASSBENDER

Eng Passantin hat e Sonndeg den Owend d’Policebeamten zu München op der Gare op d’Männer opmierksam gemaach, déi esou staark alkoholiséiert waren, datt si bal op d’Gleis gefall wieren.

Wéi d’Beamte kuerz drop de 34 Joer ale Papp zesumme mat senger knapp 1 Joer jonker Duechter an engem 23 Joer ale Kolleeg ugetraff hunn, hu si déi dräi mat op de Policebüro geholl. De Papp, dee sech schonn dogéint gewiert huet, mat op de Büro ze goen, soll de Polizisten no d’Meedchen “duerch d’Loft geschwongen” hunn an et net zréck an d’Kutsch wollte leeën.

“Fir de Schutz vum Kand” gouf de Mann doropshi vu senger Duechter getrennt, heescht et am Rapport vun de Police. Dorop hätt de Mann esou aggressiv reagéiert, datt hien an Handschelle koum. Den Alkoholtest huet e Wäert vun 2,62 Promill erginn. D’Meedche gouf schlussendlech vu senger Bom ofgeholl, déi d’Kand mat bei sech geholl huet. Och de Papp duerft méi spéit de Policebüro verloossen. Géint hie gëtt ënner anerem wéinst Widderstand géint Beamten ermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO