Géint "Peak" a "Crashout" duerchgesat"Ragebait" ass däitscht Jugendwuert vum Joer 2026

RTL mat AFP
Wéi de Langenscheidt-Verlag e Samschdeg matdeelt, huet sech d'Wuert "Ragebait", wat wiertlech iwwersat "Roserei-Köder" bedeit, knapp duerchgesat.
"Ragebait" ist das Jugendwort des Jahres 2026. Der Begriff, der wörtlich übersetzt "Wutköder" bedeutet, steht für absichtlich platzierte Empörung in sozialen Netzwerken.
Zanter 2008 gëtt d'Jugendwuert vum Joer ermëttelt.
© AFP/Archiv

Ragebait bedeit esou vill wéi Roserei provozéieren. Dat bezitt sech besonnesch op déi sozial Medien, wann en Thema esou virgestallt gëtt, dass bewosst negativ Kommentaren ausgeléist ginn, fir datt e Post vill Reechwäit an Opmierksamkeet kritt. D'Wuert krut 36,5 Prozent vun de Stëmmen ënnert de jugendleche Participanten an engem Onlinevott. Op déi zweet Plaz koum "Peak" mat 33,8 Prozent an do hannendrun "Crashout" mat 29,7 Prozent.

Wann eppes "Peak" ass, ass et dat bescht vum beschten a wien e "Crashout" huet, verléiert komplett d'Fassung.
D'Annonce vum Gewënner-Wuert gouf am Kader vun der Frankfurter Buchmesse gemaach. Zejoert hat sech "das crazyx" duerchgesat, eng Expressioun, déi benotzt gëtt, wann eng Persoun net weess, wat se soe soll, keng Loscht huet ze äntweren oder einfach ne¨mmen héiflech bleiwe wëll, fir d'Gespréich um Lafen ze halen. Et ass deemno vergläichbar mat "okay" oder "aha, cool".

Zanter d'Campagne ëm d'Sich nom Jugendwuert 2026 Enn Mee ugaangen ass, hu sech ronn eng hallef Millioun Jugendlecher tëscht 11 an 20 Joer um Onlinevoting bedeelegt. Zanter 2008 gëtt d'Jugendwuert ermëttelt a soll de Sproochgebrauch ënnert jonke Leit nozeechnen.

Begrëffer, déi diskriminéieren oder sexistesch sinn, sinn ausgeschloss. Wärend verschidde Begrëffer séier nees aus dem Sproochgebrauch vun de Jonke verschwannen, packen anerer et souguer an den allgemenge Sproochgebrauch. Sou zum Beispill d'Jugendwuert vum Joer 2024 "Aura" wat meeschtens an engem manner seriöe Kontext d'Ausstralung vun enger Persoun mengt.

Back to Top
CIM LOGO