De "Jean-Bart" soll mat 57 Meter Längt a 15 Meter Breet dat gréisst Holzseegelschëff vun der Welt ginn. Fir de Bau gëtt haaptsächlech Eechenholz aus nohaltege Bëscher an der Regioun benotzt.
Bis d'Schëff fäerdeg ass, kéinten nach 10 bis 15 Joer vergoen. De Projet gëtt mat nëmme fënnef Mataarbechter an e puer reegelméissege Fräiwëlleger realiséiert. Dobäi ginn al Technike vum Schëffsbau nees geléiert an ugewannt. Als Virbild déngen ënner anerem Wracken aus der Séischluecht vu La Hougue vun 1692.
De "Jean-Bart" wäert awer net iwwer d'Mier reesen, well d'Schëff net no moderne Sécherheetsnorme gebaut gëtt. Geplangt ass, d'Schëff spéider an engem Baseng zu Gravelines opzeriichten an et zum Mëttelpunkt vun engem Fräizäitpark iwwer Piraten a Séifuerer aus dem 17. Joerhonnert ze maachen.