
D'Police zu Köln ermëttelt géint zwee jonk Männer, no engem presuméierte sexualiséierten Iwwergrëff op e Meedchen, bei deem e Roboter agesat soll gi sinn.
De Beamten no handelt et sech ëm de 16 Joer ale Besëtzer vun engem ronn 1,20 Meter grousse Roboter an ëm säin 19 Joer ale Begleeder.
Aktuellen Donnéeën no soll de Roboter e 16 Joer alt Meedchen virun engem Fast-Food-Restaurant am Zentrum vu Köln um Hënner beréiert hunn an dobäi "Stoussbeweegungen" gemaach hunn.
D'Police geet dovun aus, datt déi zwee Jongen d'Aktioun wärenddeem live op de sozialen Netzwierker iwwerdroen hunn.
Déi alarméiert Autoritéiten hunn de Roboter an zwee Handye vun de Beschëllegte konfiszéiert. Si ënnersichen elo, wéi de Roboter zum Zäitpunkt vum Virfall funktionéiert huet an ob seng Beweegunge geziilt per Fernsteierung programméiert goufen.
Géint déi zwee Jonk gëtt wéinst dem Verdacht op Beleidegung mat sexuellem Hannergrond ermëttelt.