Astronomie- a Sonnenexpert Rainer KreskenSonnendäischtert wier "onbeschreiflech", well een Theorie "gesinn an erliewe" kann

Samantha Weber
Christophe Hochard
Eng total Sonnendäischtert ass e "ganz lokaalt Evenement", dat nëmmen all "puer Honnert Joer op enger bestëmmter Plaz" virkënnt. Dee Moment mat z'erliewen, ass fir den Astronomie- a Sonnenexpert vun der Esa Rainer Kresken ëmmer rëm "onbeschreiflech".
Den Astronomie- a Sonnenexpert vun der Esa Rainer Kresken.
Den Astronomie- a Sonnenexpert vun der Esa Rainer Kresken.
© Esa

Bei enger Sonnendäischtert dréckt sech de "Mound genee tëscht d'Sonn an d'Äerd", wéi de Rainer Kresken erkläert. "Wann dat geschitt, gëtt et e klenge Punkt, un deem d'Sonn vun der Scheif vum Mound ganz ofgedeckt ass, an do op deem engem Punkt erlieft een an deem engem Moment eng total Sonnendäischtert. Dee Schiet beweegt sech duerch d'Beweegung vum Mound ronderëm d'Äerd op enger Sträif iwwer d'Äerduewerfläch. Bannent där Sträif kann een dat Schauspill erliewen." Dat ass dëst Joer de Fall a Spuenien, Grönland an Island.

Sonnendäischtert wier "onbeschreiflech", well een Theorie "erliewe" kann
Den Astronomie- a Sonnenexpert bei der Esa Rainer Kresken erkläert, firwat eng Sonnendäischtert esou besonnesch ass an op wat een oppasse muss.

"Spuenien huet dës Kéier Gléck, op dëser hautdënner Sträif ze leien, op déi de ganze Schiet vum Mound fält. Dat heescht, an där Sträif wäert déi ganz Sonnescheif ofgedeckt sinn an et kënnt zu dësem fantasteschen Naturschauspill vun enger totaler Sonnendäischtert."

Zu Lëtzebuerg wäert den Himmel nëmmen deelweis verdonkelt ginn. Um méi groussen Deel vun der Äerduewerfläch wäert et also eng partiell Sonnendäischtert ginn, well "nëmmen een Deel vun der Sonnenuewerfläch duerch de Mound ofgedeckt ass".

Mä wat ass esou spannend un deem Naturspektakel? Als geléierte Raumfaartingenieur géing hien d'Theorie kennen: De Mound dréint sech ëm d'Äerd, d'Äerd sech ëm d'Sonn an et gi Planéiten... ma "iergendwéi ass alles theoretesch, mä wann deen ee Moment kënnt, an deem de Mound d'Sonn ofdeckt, da kann een dat op emol gesinn an erliewen, an dat ass en onfassbar schéinen Ubléck, sou eng total Sonnendäischtert", schwäermt de Rainer Kresken.

Seng éischt total Sonnendäischtert hätt hie selwer 1991 a Mexiko gesinn. "An zanterhier sinn ech süchteg", seet de Sonnenexpert. Hie géing probéiere "méiglechst all Sonnendäischtert" ze gesinn, déi "eenegermoosse machbar" ass. Fir déi "immens wäertvoll an immens knapp Zäit wärend enger totaler Sonnendäischtert" net ze verschwenden, géing de Rainer Kresken och ni Fotoen oder Videoe wärenddeem maachen. Hie wéilt "einfach d'Schauspill genéissen".

Déi nächst total Sonnendäischtert ass dem Expert no am August 2027 aus Südspuenien bei der Strooss vu Gibraltar ze gesinn. Och do wäert de Rainer Kresken wuel dobäi sinn.

D'Sonnendäischtert hätt awer net just en Effekt op de Mënsch, dee sech entweder dofir begeeschtert oder deem se egal ass. Grad ewéi d'Joreszäiten huet d'Sonnendäischtert och Auswierkungen op d'Natur, virun allem op d'Déieren. Et géing dem Expert no zwar vun der Dageszäit ofhänken, ma wann d'Sonn bemol éischter duerch de Mound verdeckt ass, ginn d'Déieren dovu aus, datt et owes ass. "Mä dann, wann d'Sonnendäischtert eriwwer ass, da wäerte si sech wonneren a fléien dann opgescheucht duerch d'Géigend", esou de Rainer Kresken.

De Raumfaartingenieur betount dann och nach emol, datt een net mam "ongeschützten A an d'Sonn" dierf kucken. Och wann een duerch de Sonnenënnergang a Versuchung kéim, réit de Rainer Kresken "dréngend dovun of" an och Alternative wéi Schweesserglieser oder "e puer Sonnebrëller openeen" wiere geféierlech fir d'A.

Back to Top
CIM LOGO