Chrëschtdagsmusek op RTLStëmmt mat of: Wéi ee Chrëschtdagslidd soll als éischt op RTL lafen?

RTL Lëtzebuerg
Déi lescht zwee Joren huet kee Wee laanscht "Last Christmas" vu Wham gefouert? Wäert 2025 en anert Lidd d'Chrëschtdagssaison op RTL alauden?
© Maryshot on Shutterstock

Mir ginn Iech d’Méiglechkeet, fir matzebestëmmen, wéi ee Chrëschtdagslidd dëst Joer als éischt um Radio soll lafen. Gidd Ärem Favorit Är Stëmm a lauschtert e Freideg de 5. Dezember kuerz virum Journal vu 7 Auer de Radio, fir d’Gewënnerlidd ze lauschteren.

Wéi leeft et of?

Vun elo u kënnt Dir ee Mol pro Stonn bis en Donneschdeg den Owend um 14 Auer fir Äre Favorit ofstëmmen. Dat Lidd, wat deen Ament déi meeschte Stëmmen huet, ass dann och dee Song, mat deem mir déi musikalesch Chrëschtzäit um Radio alauden...

Dir kënnt d’Lidder net all? Lauschtert hei eng Kéier eran!

© Shutterstock

Back to Top
CIM LOGO