DanuriSüdkoreanesch Mound-Sonde liwwert spektakulär Biller aus dem Weltraum

RTL Lëtzebuerg
Déi éischt südkoreanesch Mound-Sonde "Danuri" huet tëscht dem 24. Dezember an dem 1. Januar Biller vun der Äerd an der Mounduewerfläch gemaach.
© AFP PHOTO / The Korea Aerospace Research Institute/Handout

Dat huet de südkoreanesche Raumfaart-Fuerschungsinstitut Kari en Dënschdeg matgedeelt. Geschoss goufen déi schwaarz-wäiss Biller an engem Ofstand zum Mound vun 120 Kilometer.

Wéi et weider vum Raumfaart-Zenter heescht, géing “Danuri” zwou Stonne brauchen, fir de Mound eemol z’ëmkreesen. Seng richteg Missioun fänkt réischt nächste Mount un: Do soll d’Sonde d’Mounduewerfläch kartographéieren, analyséieren an déi magnéitesch Stralung an d’Gammastralung moossen.

Mat de Biller wëll Südkorea och méiglech Landeplaze fir eng Moundlandung am Joer 2032 lokaliséieren. Nieft enger Moundmissioun ass och eng Marsmissioun am Joer 2045 geplangt.

Back to Top
CIM LOGO