Wéi onschéin Zeen aus bekanntem BoxmatchÜberlingen (D): Mann huet Géigner bei Kläpperei Stéck vun Ouer ofgebass

RTL Lëtzebuerg
Am Duerf a Baden-Württemberg waren en 33 an 28 Joer ale Mann unenee geroden.
© AFP (Archiv)

Bei der Kläpperei huet den eelere Mann sengem Géigner en Deel vum Ouer ofgebass, mellt d’Police aus der Uertschaft an der Géigend vum Bodensee. Virun engem Bistro ware béid Männer uneneegeroden a bei der Kläpperei gefall. Wéi béid um Buedem louchen, huet den 33 Joer ale Mann een Drëttel vum Ouer vum 28 Järegen ofgebass.

D’Affer huet misste Stationär am Spidol behandelt ginn. Wisou d’Männer uneneegerode waren, ass onkloer, d’Police präziséiert awer, datt béid ze vill gedronk haten.

D’Blessuren an dësem Tëschefall erënneren e bëssen un de Boxkampf tëscht dem Mike Tyson an dem Evander Holyfield aus dem Joer 1997. Deemools hat den Tyson dem Holyfield e klengen Deel vu sengem Ouer ofgebass.

Back to Top
CIM LOGO