D'Edith van der Schilden ass wuel eréischt mat 16 Joer fir de Grand-Duché un den Depart gaangen, trotzdeem huet déi haut 46 Joer al fréier Réckespezialistin en beandrockende Palmarès. D'Edith van der Schilden ass 6 Goldmedaile bei de Spiller vun der klenge Länner erausgeschwommen. Si huet 45 national Rekorder opgestallt a Lëtzebuerg bei 8 Europa- a Weltmeeschterschafte vertrueden. Bescht Resultat war eng 14. Plaz. 2006 huet si no Schëllerproblemer mam Schwammen opgehalen, war awer ëmmer sportlech aktiv.
De Beruff als Infirmière a virun allem hire Mann Karsten an d'Famill stoungen an den nächste Joren am Mëttelpunkt. Hiren éischte Jong Neil ass 2010 an den zweeten, Ben, 2012 op d'Welt komm.
D'Liewe war an der Rei bis de 17. Juni 2021. Op deem Dag ass op engem Vëloswee op der Musel en E-Biker a si gerannt. Si huet sech déi riets Hand, dat lénkst Handgelenk an den Ielebou gebrach. Déi schlëmmste Blessur war e komplizéierte Broch vum Kifer. Zwou Placken a sechs Schrauwen a sechs Operatiounen hunn net verhënnert, dass d'Edith och haut mam Schued um Nerv an enger Arthros ze kämpfen huet. Mee och eng immens schwéier Rehabilitatioun huet d'Lëtzebuergerin mat hollännesche Wuerzelen net vun hirem Zil ofgehalen.
Si wollt erëm zeréck. Erëm Schwammen, Vëlofueren a Lafen. An dorausser ass an de leschte Joren eng Comebackstory ginn. D'Edith van der Schilden huet véier Joer no hirer Chute total onerwaart hir Alterskategorie beim Ironman zu Barcelona gewonnen. Domadder war si den 10. Oktober fir d'WM, den Ironman op Hawaii, qualifizéiert.
Hei gitt Dir gewuer, wéi Dir d'Edith e Samschdeg bei der WM zu Hawaii kënnt suivéieren.
E Sonndeg am Sportjournal weise mer Iech mat Privat-Opnamen dovun, wei dem Edith säi Wee beim Ironman op en Enn kënnt.