
Den 22. Juni an op Nationalfeierdag selwer sinn d'City Sounds an der Stad. Well awer grad fir dës Deeg ganz héich Temperaturen annoncéiert goufen, huet d'Stad Lëtzebuerg elo decidéiert, datt een de Fans a Spectateure gratis Waasser zu Verfügung stellt. Dës kritt een entweder an de Becheren, fir déi een awer Pfand muss bezuelen, oder et kann ee seng perséinlech Fläsch fëlle loossen. An deem Kader ass et dann och d'Annonce, datt een eng PET-Fläsch vun 0,5 Liter pro Persoun dierf mat op de Site bréngen.
Dann ass et och d'Annonce, datt an der Stad op 60 Plaze Fontainen opgestallt ginn, bei deenen et gratis Waasser gëtt. Vill dovunner sinn och fir Hënn equipéiert. D'Detailer dozou fënnt een op fontaines.vdl.lu.