Technesche ProbleemVun e Méindeg un nëmmen nach een Zuch d'Stonn tëscht Kautebaach a Wolz

RTL Lëtzebuerg
D'Maintenance-Ekippe wieren op der Plaz, fir de Problem ze léisen, sou d'CFL.
Aktuell kéint een nach net soen, wéi laang et dauert, bis de Probleem geléist ass.
© RTL

Vun e Méindeg un, wäert den Zuchverkéier op der Linn Kautebaach - Wolz nëmmen ageschränkt funktionéieren. Dat deelen d'CFL e Sonndegowend an engem Schreiwes mat. Grond fir d'Perturbatioun wier en technesche Problem mat engem technesche Bauwierk – engem sougenannten "ouvrage d’art".

Amplaz zwee, wäert bis op Weideres nëmmen nach een Zuch d'Stonn op der Streck fueren. D'Departe sinn um Dräi Minutten op Hallwer zu Kautebaach an um 16 Minutten op zu Wolz.

D'Maintenance-Ekippe wieren op der Plaz, fir de Problem ze léisen, sou d'CFL. Aktuell kéint een nach net soen, wéi laang et dauert, bis de Probleem geléist ass.

Weider Informatiounen iwwer déi adaptéiert Horairen fënnt een an der App an um Site vun den CFL.

Back to Top
CIM LOGO