No Fall vu sexueller Belästegung zu Beetebuerg"D'Stigmatiséierung vu Jonken, déi esou Dote beginn, ass immens geféierlech"

Céline Eischen
2 Fäll vu sexueller Belästegung zu Beetebuerg hu virun enger Zäit fir vill Diskussioune gesuergt, dat virun allem well de presuméierten Täter eréischt 12 Joer al ass.

Jonker, déi esou Dote beginn, kämpfen dacks selwer mat mentale Krankheeten an Traumaen, déi si dozou verleeden, esou Doten ze begoen. Et brauch eng psychologesch a medezinesch Prise en charge. Hei am Land gëtt et dofir d'ALUPSE, d'Associatioun vun der Pediatrie Sociale.

D'Sophie Feller an den Dr Jean Bottu am Interview mat RTL
D'Sophie Feller an den Dr Jean Bottu am Interview mat RTL
© Céline Eischen

Mat enger multi-disziplinärer Approche gi Familljen mat jonke Kanner a Kanner vum Bebés-Alter bis an d'Jugend bei der ALUPSE encadréiert: 2024 gouf ALUPSE Cosmos gegrënnt, déi ee problematescht Sexual-Verhalen opweisen, wéi d'Sophie Feller, Chargée de Direction vun der ALUPSE:

C'est un service spécialisé. Sa mission consiste à l'évaluation clinique et à la prise en charge thérapeutique de mineurs présentants des comportements sexuels inadaptés, de violences sexuelles, ou de violences graves physiques et/ou psychologiques. 

Mat Psychologen, Educateuren a Pediatere gëtt versicht ze verstoen, firwat déi Jonk esou ee Verhalen opweisen. De Pediater Dr Jean Bottu erkläert, datt et wichteg ass, déi mannerjäreg Täter net ze stigmatiséieren:

En réalité, c'est un enfant, en général, qui est en grande souffrance. Et dans la majorité des cas il y a chez ces enfants la trace, quand on les cherche, de souffrances qu'ils ont subi eux-mêmes. Donc beaucoup d'enfants qui commettent ces actes qu'on va qualifier en tant que répréhensibles en tant qu'adultes sont la manifestation de quelque chose qu'ils ont subi eux-mêmes auparavant. 

Et wier d'Zesummespill tëscht der Justiz an de psycho-sozialen Ekippen, deen an esou Fäll immens wichteg wier. Reng repressiv Konsequenze fir déi Jonk wieren heibäi éischter kontraproduktiv, et misst een hinnen amplaz nees déi richteg a néideg Repèrë ginn, dat och fir datt se net nees réckfälleg ginn. Hei géif och d'Educatioun eng wichteg Roll spillen, ma den Dr. Bottu gesäit awer och nach een anere grousse Problem, nämlech d'Smartphonen:

Dr. Jean Bottu: Je pense aussi que c'est un instrument terrible pour l'ouverture à l'harcèlement, notamment l'harcèlement sexuel, donc je crois que l'éducation de la population aux écrans est absolument indispensable et à commencer par les adultes. Parce que pour avoir des enfants sans écrans il faut des adultes sans écrans.  Zanter hirer Grënnung am Joer 2024 hätt ALUPSE Cosmos bis elo 250 Mannerjäreger begleet, déi sexuell Strofdoten begaangen hunn.

Méi Informatiounen iwwer d'Aarbecht vun der ALUPSE, déi hireFonctionnementt iwwer eng Konventioun mat der Santé finanzéiert, fannt dir op ALUPSE.lu

Back to Top
CIM LOGO