AlzengWann een ouni e Feeler ze maachen, op der falscher Stroossesäit fiert

RTL Lëtzebuerg
Virum Weekend gouf de Marquage zu Alzeng op der Streck a Richtung Schlammestee net nëmmen nei gemaach.
© RTL Mobile Reporter

Mä den Ekippen op der Plaz ass dobäi och e Feeler ënnerlaf. Wann een nämlech vun Alzeng aus a Richtung Schlammestee wollt fueren, hunn d’Feiler um Buedem engem ënnerschiddlech Signaler ginn.

Well war een op den éischte Meter nach op der richteger Spuer, esou war ee kuerz drop, dem Feil um Buedem no, als Geeschterfuerer ënnerwee. No Riets auswäiche war awer net méiglech, well do eben d’Busspuer ass.

Nei Einban zu Alzeng?
E Feeler beim Marquage huet zu Alzeng fir vill Kapprësele gesuergt.

De Feeler ass der Administration des Ponts et Chaussées awer opgefall oder gemellt ginn. Well nodeem e Video e Samschdeg nach mam Feeler publizéiert gouf, war dësen e Méindeg scho behuewen.

Back to Top
CIM LOGO