Fake-Sugardaddy"Wann et ze schéin ass, fir wouer ze sinn..." - En Erfarungsbericht

Kevin Kayser
Mir hunn eng jonk Fra getraff, déi via Instagram ugeschriwwe gouf, ob si net e "Sugarbaby" wéilt ginn. Et war e Scam, fir u Suen ze kommen.

De Scam vum falsche Sugardaddy

Et war fir d’Anouk* e ganz normale Freideg de Mëtteg, bis si op Instagram vun enger onbekannter Persoun ugeschriwwe gouf. Den Toun vum Message war esou simpel wéi och kloer: “Hei Schéinheet. Ech weess net, wéis du wierklech ausgesäis, mä fir éierlech ze sinn, géif et mir gefalen, wann s du mäi Sugarbaby wiers an ech géif mech ëm deng Bedürfnisser an däi Loyer këmmeren an der nach Sue pro Woch fir däi Besoin ginn. [...] Dat Ganzt ouni plakeg Fotoen oder Sexting.

D’Anouk huet net direkt eppes drop ginn an huet wärend Deeg driwwer nogeduecht, ob et iwwerhaapt derwäert ass, op esou e Message anzegoen. Et ass jo bekannt, datt dacks Abus domadder gedriwwe gëtt, also Onéierlecher probéieren, iwwert dee Wee un e puer Euro ze kommen. Dogéint muss een awer och soen, datt et de Phenomen vum Sugardaddy wierklech gëtt. “Firwat dann einfach net emol probéieren”, huet sech déi jonk Fra geduecht ganz nom Motto “no risk no fun” an huet zeréckgeschriwwen. An dësen Zäiten huet ee jo ëmmer mol d’Hoffnung, datt een iergendwéi un dat schnellt Geld ka kommen.

RTL-Faktencheck: Sou erkennt Dir Bedruch am Internet Et sollten awer just e puer Messagen op Instagram hin an hier geschéckt ginn. Direkt gouf op eng aner Plattform, de Messenger Viber, gedrängt. Nodeems d’Anouk dësen erofgelueden an dem potentielle Sugardaddy seng Kontaktdate vun der neier App ginn huet, ass op Kontakt iwwert dëse Messenger weidergaangen.

Am Ufank stoungen net d’Suen am Vierdergrond vun der Diskussioun, mä et ass éischter a Richtung “Small Talk” gaangen. D’Iddi vun dëse Messagë war et, “sech” besser kennen ze léieren, respektiv vum Onéierlechen op der anerer Säit, fir Eckdate vum potentielle Scam-Affer ze sammelen. Dobäi huet de Sugardaddy sech als “Henri B.” ze erkenne ginn. Senger Geschicht no en Amerikaner, deen a Finnland lieft an eng Baufirma am Metall huet. Hie wier elo 5 Joer Single, nodeem hie 14 Joer bestuet war a seng Fra him friemgaangen ass. Och huet hien erkläert, wisou hien elo Meedercher a Frae wéilt finanziell ënner d’Äerm gräifen an dat hie seng Belounung dono dofir am Himmel géif kréien.

Kuerz drop ass d’Thema op de System vum “Sugardaddy” ëmgesprongen an den Henri wollt wëssen, ob d’Anouk Erfarung an dësem Beräich hätt. Nodeem si dëst dementéiert huet, huet de potentielle Geldgeber de System erkläert. Fir hie wier wichteg, datt d’Anouk nieft him keen anere Sugardaddy hätt an datt si ëmmer éierlech zu him sollt sinn. Eng Ausso, déi ëmmer nees wärend der Diskussioun widderholl gouf.

De Henri huet dann agestanen, datt hien nieft dem Anouk zwee weider Sugarbabys hätt a lues a lues ass d’Thema Suen op den Dësch komm. D’Persoun op der anerer Säit vum Messenger wollt wëssen, wéi vill d’Anouk géif verdéngen an ob si domadder iwwert d’Ronne géif kommen. Nodeems d’Anouk him de Montant vun ongeféier dem qualifizéierte Mindestloun genannt an och e gewëssene Montant zu sengen Ausgaben erfonnt huet, ass d’Thema Suen op der anerer Säit ëmmer méi an der Vierdergrond gerutscht. Déi virdrun normal Diskussioun war net méi méiglech. “Et war, wéi wann et net méi ëm mech goung, mä nach just ëm d’Geld”, seet déi jonk Fra. “Hien huet net méi op normal Froen oder Aussoe reagéiert, mä just nach op dat finanziellt gedränkt.”

D’Anouk, wat scho vun Ufank u seng Zweiwel un dësem Kontakt an der Éierlechkeet op der anerer Säit hat, huet sech ëmmer méi a senger Befierchtung confirméiert gefillt. Vun der anerer Persoun koum dunn d’Fro “Hues du Paypal?” an nodeems d’Anouk seng Date ginn huet, krut si als Reaktioun e Video, dee sollt beweisen, wéi gutt hie finanziell do steet.

E Montant vun iwwer 500.000 US-Dollar war an dësem Video, deen de Paypal-Account vum Henri sollt weisen, ze gesinn. D’Anouk hat d’Gefill, datt esou ee Montant op engem Account sollt “Sécherheet schafen a mir weisen, datt hien esou éierlech mat mir ass a finanziell esou gutt do steet.”

Ma et sollt Problemer mat der Iwwerweisung ginn. Den Henri hat dem Anouk versprach, wa si no senge Reegele géif spillen, géif si all Woch 7.000 Dollar vun him iwwerwise kréien, plus nach e kléngt net definéiert Täschegeld. E weidere Screenshot vum Paypal-Account vum falsche Sugardaddy sollt da weisen, datt hien der jonker Fra elo géif déi 7.000 Dollar iwwerweisen. Ma et koum zu Komplikatiounen.

Also fir d’Chargen ze decken, huet den Henri e Bitcoin uginn. Doduerch datt ech him e Bitcoin schécken, geet déi ganz Demarche un”, esou d’Erklärung vum Anouk. Si notzt de System vu Paypal scho méi laang an huet bei éierleche Geschäfter bis ewell nach ni eppes vun esou enger Demarche héieren. Och am Internet, wou d’Lëtzebuergerin sech e bëssen iwwert d’Scammen an dësem Beräich schlau gemaach hat, gouf gewarnt, datt déi Onéierlech iergendwann no enger “Authentifikatioun” froen, sief dës iwwer Bitcoins, Amazon-Guttschäiner oder aner fir de User méi “sécher” Wäertcouponen.

Spéitstens elo war dem Anouk zu 100 Prozent kloer, datt si elo “offiziell am Spill ass”. Dëst Spill hat fir si elo en neit Zil: Esou vill Zäit wéi méiglech vum Scammer op der anerer Säit ze verplemperen.

D’Anouk ass also net ëmmer direkt op dës Iwwerweisungen agaangen, mä huet dem Scammer dauernd erkläert, datt si Problemer mat deem Site hätt, deen hien hir geschéckt huet, fir e Bitcoin ze kafen. An engems huet si och probéiert, fir hien aus der Reserv ze lackelen an op aner Theme wéi just d’Suen ëmzeswitchen. Ma, wou am Ufank nach de Smalltalk d’Tromp war, wollt de falsche Sugardaddy op der anerer Säit vum Messenger elo guer näischt méi dovunner wëssen. “Hie gouf ongedëlleg, huet mer aner Linke geschéckt a mer net méi gegleeft. Hien huet mer och ënnerstallt, ech hätt net op de Link geklickt. Hie wollt esouguer e Screenshot hunn, esoubal ech de Link ugeklickt hunn...” D’Anouk huet gemaach, wéi wann et verzweiwelt an iwwerfuerdert mat der Situatioun mam Bitcoin wier. “Ech hu mech beim him entschëllegt, datt et net geet, him gesot, datt ech et wuel net verdéngt hunn, an him meng Léift gestanen”, seet d’Anouk mat engem Grinsen um Gesiicht.

Ech sinn esou wäit gaangen, datt ech him gesot hunn, well ‘mäin Handy net geet’, datt ech en ‘Aarbechtskolleeg gefrot’ hunn, fir mer auszehëllefen. Dëse wier bereet gewiescht, hätt awer vum Henri eng schrëftlech Garantie gebraucht.” Dorobber ass den Scammer agaangen an “hien huet mer e weidere Link geschéckt. Dës war de leschte Message, éier ech hien op Viber an op Instagram blockéiert a gemellt hunn.

De ganzen Chat tëscht dem Anouk an dem potentielle Sugardaddy huet sech iwwer dräi Deeg gezunn. D’Anouk geet dovunner aus, datt d’Persoun op der anerer Säit wuel méi séier zu Ofschloss vun der Transaktioun wollt kommen, mä “ech hunn och e Privatliewen an hat net ëmmer ëmmer Bock, him direkt ze äntweren.” Dat haaptsächlech och, well d’Persoun op der anerer Säit ëmmer nees Drock gemaach huet, Fragezeeche geschéckt huet, wann d’Anouk net geäntwert huet, a mat extrem ville Smileyen an Emojys geschafft huet, “wat net wierklech seriö fir e 45 Joer ale Geschäftsmann wierkt”.

Véier Froen un d’Anouk

Wéi hutt Dir gemierkt, datt ech sech heibäi ëm eng Fakeufro respektiv ëm e Scam handelt?

“Ech war schonn am Ufank skeptesch an hu mer du jo awer geduecht ‘äntwer emol’. Et war jo kloer, datt ech de Kontakt jo séier ofbriechen an d’Persoun blockéiere kann. Ech war mer bewosst, wéi vill Donnéeën ech vu mer eraus ka ginn. Ech hat zu all Zäit d’Gefill, datt ech d’Situatioun kontrolléieren an aschätze kann.

Mäi Frënd an ech hunn och iwwert eng Internetrecherche probéiert, eppes iwwert den Henri B. erauszefannen. Ma vill huet et eis net bruecht. Mir haten en Entrepreneur aus Kanada fonnt, deem säin Numm ganz änlech war, awer dësen Henry B. war am komplett falschen Alter. Och d’Sich no senger Profilfoto iwwer Google hat näischt erginn.

Mir hunn eis d’Fro gestallt, wéi et méiglech wier, datt an Zäiten, wou den Internet fir all Geschäft d’Fënster no baussen ass, een näischt iwwert e Chef vun enger Baufirma ka fannen. Grad an Amerika, wou all Mënsch Yelp a LinkedIn huet.”

Wat war opfälleg an der Diskussioun?

“Oft huet hien op déi selwecht Wierder a Phrasen zeréckgegraff, wéi ‘Éierlechkeet’ oder ‘Vertrauen’. Hien huet probéiert, immens Tëschemënschlech ze wierken, andeems hie mer op alles positiv geäntwert a Komplimenter gemaach huet. Ech hu gemierkt, datt hie probéiert huet, mech mat senge Wierder geziilt ze manipuléieren.”

Hutt Der Iech net e bëssen insgeheim gewënscht, et wier “wouer”?

“Natierlech. E klengen Hoffnungsschimmer ass ëmmer do, datt et wierklech esou e Wueltäter gëtt. Wie wëll net 7.000 Euro d’Woch. Mäi Frënd an ech hunn doheem ausgerechent, wéi laang ech bei deem Wocheloun mam Här misst schreiwen, bis eise Prêt komplett ofbezuelt wier. Zudeem hate mer de Running Gag an d’Liewe geruff, datt ech menger Schwëster, mengem Partner a mir selwer eng Rees 1. Klass an Amerika géif finanzéieren.”

Wat géift Dir anere Leit, déi an esou eng Situatioun geroden, als Tipp ginn?

“Am Beschten net drop agoen. Wann een awer wéi ech virwëtzeg ass, an awer un dat gutt am Mënsch gleeft, an natierlech e bëssen Hoffnung huet, datt et kéint wouer sinn, soll ee sech bewosst sinn, datt een net ze vill vu sengen Donnéeë präisgëtt. Déi Persounen op der anerer Säit wëssen, wéi se ee manipuléieren. Dofir ni blauäugeg an esou eng Diskussioun goen, awer alles a Fro stellen a Recherchë maachen. Och géif ech jidderengem roden, net op esou dubios Linken ze klicken. Well Sue kann een och ganz normal iwwerweisen.”

*Den Numm gouf vun der Redaktioun geännert, fir d’Anonymitéit ze garantéieren.

Back to Top
CIM LOGO