Gréissten Editioun jeeWéi deier ass de komplette WM-2026-Stickeralbum?

Charlie Stone
Supporteren, déi den offiziellen Album vun der Futtball-WM komplett wëllen ausfëllen, mussen dëst Joer déif an d'Täsch gräifen
© RTL

Den Album vum Panini ass dee gréissten an der Geschicht. Den Album ëmfaasst insgesamt 980 verschidde Stickeren op 112 Säiten. Dovun entfalen 864 Stickeren op déi 48 Nationalekippen, déi un der WM deelhuelen. Dobäi kommen nach Spezialstickeren, Stadien, den WM-Pokal an aner Sammelobjeten.

Zu Lëtzebuerg kascht den Album 3,50 Euro, wärend e Pak mat siwe Stickeren 1,50 Euro kascht.

Déi bëllegstméiglech Variant

Wann all Sticker, deen ee keeft, nei wier an et keng Duebeler géif ginn, da bräicht een 140 Päck:

  • 140 Päck × 1,50 € = 210 €
  • Album = 3,50 €

Mindestkäschten: 213,50 Euro

An der Praxis ass dat awer onméiglech, well mat der Zäit ëmmer méi Duebel optrieden.

D'Käschten ouni Tauschen

Mat Hëllef vun enger mathematescher Formel, déi d'Sammelwarscheinlechkeete berechent, huet eng KI geschat, datt ee fir e kompletten Album ouni Tauschaktiounen am Duerchschnëtt ronn 1.045 Päck misst kafen.

Dat géif bedeiten:

  • 1.045 Päck × 1,50 € = 1.567,50 €
  • Plus den Album

Gesamtkäschten: ongeféier 1.571 Euro

Tauschen hëlleft spueren

Wéi bei fréiere Weltmeeschterschafte kënnen Tauschbörsen, Online-Gruppen an de Sticker-Ersatzservice vu Panini d'Käschte staark reduzéieren.

Trotzdeem ass den Album vun der WM 2026 dee Gréissten an ee vun den Deiersten.

Back to Top
CIM LOGO