Projet "Love Nature"E Parcours duerch de Bësch, kreéiert vu Kanner

Tim Morizet
D'Natur entdecken, spille goen an dobäi och nach eppes léieren. Genee dat ass d'Iddi hannert engem Projet, deen dëse Summer Familljen an de Bësch soll lackelen.
Mam Projet "Love Nature" hu Kanner e Parcours duerch de Bësch kreéiert
D'Natur entdecken, spille goen an dobäi och nach eppes léieren. Genee dat ass d'Iddi hannert engem Projet, deen dëse Summer Familljen an de Bësch soll lackelen.

Mat Pinsel, Faarwen a vill Fantasie entstinn hei an der Maison relais zu Nidderkuer kleng Konschtwierker. Ma dës Panneaue sinn net einfach fir an d'Klass oder op d'Spillplaz. Se gehéieren an de Bësch. Déi bemoolte Panneaue sinn Deel vum Naturprojet "Love Nature". D'Iddi ass et, Familljen an d'Natur ze bréngen an hinnen déi schéin Ecker ronderëm Nidderkuer a Péiteng ze weisen.

De Patrick Arendt, Educateur an der Maison relais zu Nidderkuer, leed de Projet:

"De Projet läit eis extrem um Häerz (...) et ass eng flott Aart a Weis, fir d'Kanner mat den Elteren erëm méi zesummen an d'Bëscher ze kréien an hinnen déi schéin Ecker vun eise Gemengen ze weisen."

D'Schëlder féieren d'Kanner elo duerch de Bësch. Et ginn der eng Hellewull an et gëllt, se all ze fannen. QR-Codë ginn Tipps, wou et weidergeet. Ënnerwee léiere si Beem, Déieren an d'Natur besser kennen. Dobäi geet et net nëmmen ëm d'Spadséieren, mee och dorëms, d'Ëmwelt an eist Klima mat aneren Aen ze gesinn an eppes bäizeléieren.

Fir déi zweet Editioun ass de Parcours nach eng Kéier ausgebaut ginn. Zwou Gemengen, d'Maison-relaise vun Nidderkuer a Péiteng, Educateuren an natierlech d'Kanner selwer hu méintelaang dru geschafft. All Schëld gouf vun de Kanner selwer gemoolt a mat vill Gedold preparéiert.

"An natierlech an Zäite vu Klimawandel, ech mengen Dir gesitt et haut, ech schweesse gutt, ass dat, ass de Bësch eng ganz gutt Plaz, en Erhuelungsgebitt. An et muss een einfach de Kanner vu Klengem u mat op de Wee ginn, dass dat eppes ass, wou ee muss schützen, wou ee muss einfach uecht drop ginn. An dozou gehéieren och déi Déieren, déi am Bësch wunnen an dee ganzen Ökosystem vum Bësch", sou nach emol de Patrick Arendt.

De Wäert vun der Natur fir sech erkennen: heiansdo brauch et dofir just e bësse Faarf an e puer kreativ Kanner. D'Installatioune stinn nach bis den 20. September. Den Depart ass am Bësch Roudenhaff.

A wie Fotoe vun den 12 Panneauen un d'Gemeng Péiteng op concours@petange.lu schéckt, kann dobäi nach ee vun 20 Kaddosbonge vu 50 Euro gewannen.

Back to Top
CIM LOGO