
D’Schoulvakanz ass un an et zitt nawell vill Leit un d’Mier. Beléifte Vakanzelänner wéi Spuenien an Italien hunn den Ament awer mat grousser Hëtzt ze kämpfen. Verschount ginn aktuell och d’USA net.
Wat geschitt bei Hëtzt am Kierper?
Soubal d’Temperature klammen, versicht de mënschleche Kierper seng Temperatur bei ëm 37 Grad stabil ze halen. Donieft aktivéiert e verschidde Mechanismen, wéi zum Beispill d’Oderen an der Haut ze weiten a schweessen. Duerch erweidert Odere gëtt Hëtzt op der Kierperuewerfläch fräigesat. Schweess hëlleft duerch Ofkille beim Verdonsten, d’Haut ofzekillen.
Wéi eng Gesondheetsrisike ginn et?
Et ka passéieren, dass de Mechanismen, fir d’Wäermt an eisem Kierper ze reguléieren, iwwerlaascht ass. Da kritt ee Symptomer wéi Erschëpfung, Kappwéi, Schlofstéierungen oder Féiwer.
Munchmol komme bei dës Symptomer nach méi schro gesondheetlech Problemer dobäi. Dozou zielt de Sonnestach duerch en ze laangen Openthalt an der Sonn oder Dehydratioun, bei där dem Kierper iwwerméisseg staark Flëssegkeet entzu gëtt.
Méi geféierlech ass den Hëtzschlag, dee souguer zum Doud féiere kann. Et handelt sech dobäi ëm eng geféierlech Iwwerhëtzung, bei där d’Kierpertemperatur op iwwer 40 Grad klëmmt.
Wéi eng Mënsche si besonnesch a Gefor?
Besonnesch geféierlech ass d’Hëtzt fir Kanner am Wuesstem, haaptsächlech awer fir Kanner ënner 5 Joer. Och bei chronesch Kranke besteet en héije Risiko, well hire Kierper sech net esou gutt op extrem Konditiounen upasse kann.
E weidere Risikogrupp sinn eeler Mënschen. Mam Alter geet nämlech d’Zuel vun de Schweessdrüsen an der Haut zeréck, sou dass eeler Mënschen d’Hëtzt manner gutt duerch Schweesse kompenséiere kënnen.

Bei grousser Hëtzt ginn eis Schweessdrüse permanent ugereegt, Schweess ze produzéieren. No e puer Deeg brauchen déi Drüsen allerdéngs eng Paus. Als Konsequenz geet dann och eis Schweessproduktioun zeréck an doduerch klëmmt eis Kierpertemperatur. Dëst gëtt just doduerch nach verstäerkt, dass duerch den Hëtzestress den Energiebedarf erhéicht ass. Fir eeler Mënschen iwwersteigt dat hir kierperlech Kapazitéiten.
Wéi eng Konditioune maachen d’Hëtzt nach méi geféierlech?
Munch Mënsche si wéinst hire Liewenskonditioune méi a Gefor. An dicht besidelte Stied ass d’Belaaschtung duerch d’Hëtzt méi grouss wéi u Land, besonnesch s schlecht isoléierte Gebaier oder Wunnengen ënnert dem Daach. Donieft kënnt a Groussstied dacks nach e Problem vun der Loftverschmotzung dobäi.
Vun der Hëtzt staark betraff sinn donieft Mënschen, déi am Fräie schaffen, ma och Sans-abrien, déi dacks mol keng Plaz hunn, wou si sech virun der Hëtzt zeréckzéie kënnen.
Wat hëlleft?
Bei héije Baussentemperaturen ass e ass et wichteg, vill ze drénken a sech méiglechst vill a kille Raim opzehalen. Besonnesch iwwer Mëtteg sollt ee besser dobanne bleiwen an et ass unzeroden, d’Wunneng däischter ze halen, fir se sou méi kill ze behalen.

Wien doheem ze séier de Plaffong op e Kapp fält, ka sech a klimatiséierte Raim wéi Muséeën, Bibliothéiken, Kinoen oder nach Akafszentren ophalen. Vu kierperlecher Ustrengung am Fräie gëtt ofgeroden.
Gesondheetsexperte roden, reegelméisseg ze drénken an net eréischt, wann een duuschtereg ass. Op Alkohol sollt ee verzichten, wat awer wichteg ass, ass genuch z’iessen. Eelere Mënsche gëtt nach recommandéiert, sech reegelméisseg bei der Famill ze mellen an, falls et noutwenneg ass, no Hëllef ze froen.