Police a Bijouterie erklärenWou sinn d'Bijoue vum Louvre? - "Bei engem Sammler doheem am Safe"?

RTL Lëtzebuerg
E spektakuläre Coup huet sech virun zwou Wochen am Louvre zu Paräis ofgespillt. Siwe Verdächteger goufe festgeholl, d'Bijoue bleiwen awer verschwonnen.
D'Kroun vun der fréierer Keeserin Eugénie.
D’Kroun vun der fréierer Keeserin Eugénie.
© AFP

Véier maskéiert Déif hu sech iwwert e Balcon am éischte Stack vum Louvre Zougang zu engem Sall verschaaft an do Krounjuwelen am Wäert vun 88 Milliounen Euro matgoe gelooss. D’Police an Experte schwätze vun engem präzis geplangte Coup, dee just siwe Minutte gedauert huet.

© AFP

Wat geschitt mat esou wäertvolle Stécker nodeems se geklaut goufen?

D’Isabelle Kass, déi eng Bijouterie an der 3. Generatioun leet, huet sech géintiwwer RTL dozou geäussert. Si geet dovun aus, dass esou Schmockstécker net einfach verschwannen, mee an de Sammlunge vu räiche Leit landen:

“Fir mech sinn dat Kontrakter, déi duerch d’Welt vu ganz, ganz räiche Leit getraff ginn, déi den Éiergäiz hunn, esou eppes ze besëtzen. Dat ass jo och esou mat Tableauen. Déi kommen dacks eréischt erëm op de Marché, wann d’Leit gestuerwe sinn an d’Ierwe guer net wëssen, wat se do hunn. Fir mech tauchen déi fréier oder spéider erëm op. Vläicht a China, Asien, Afrika oder och hei an Europa.”

Wéi franséisch Experten awer géintiwwer de Medie gesot hunn, wier et onwarscheinlech, dass d’Stécker jee an hirer ursprénglecher Form erëmfonnt ginn. Dacks géifen esou Bijouen auserneegeholl oder nei verschafft ginn, fir se méi schwéier ze identifizéieren.

Déi Meenung deelt d’Isabelle Kass nëmmen deelweis: “Et kann een alles transforméieren, mee ech mengen net, dass een d’Bijoue vum Louvre an Transformatioun ginn hätt. Wann bei eis eppes geklaut gëtt, da jo... Dat gëtt geschmolt, well d’Gold haut vill wäert ass. Mee esou Stécker, déi geschichtlech a kulturell esou bedeitend sinn, ginn éischter an engem Safe verstoppt, wéi zerstéiert.”

An enger klassescher Bijouterie wier et souwisou net einfach, geklaute Bijouen ze verkafen. D’Bijoutière erkläert: “Mir kafe just aalt Gold zréck, wann d’Pabeieren an d’Identitéitskaart vum Client virleien. Mir féieren e Livre d’or, wou all Transaktioun agedroe gëtt. Dat ass eng Sécherheetsmoossnam, fir net onbewosst eppes Geklautes zréckzekafen.

D’Lëtzebuerger Police gesäit dat änlech. D’Weiderveraarbechtung vun esou Bijoue géif vum Motiv vum Déifstall ofhänken: “Geet et dorëms, datt d’Täter sech selwer bereecheren oder hu si am Optrag gehandelt? Dovun hänkt of, ob d’Bijoue geschmolt oder un Heeler weiderverkaf ginn. Bei Diamanten ass et méi komplizéiert, well vill Steng Identifikatiounszeeche droen, déi schwéier ewechzekréie sinn.“

An esou grousse Fäll wéi beim Louvre si Fotoen an detailléiert Beschreiwunge weltwäit bekannt. Dat mécht et fir d’Täter besonnesch schwéier, e Keefer ze fannen. D’Police schléisst awer net aus, dass esou wäertvoll Objeten am Kontext vun organiséierter Kriminalitéit als Bezuelungsmëttel genotzt ginn, beispillsweis am Drogemilieu. Dat hätt een op internationalem Plang scho méi dacks gesinn.

Fir d’Isabelle Kass ass awer kloer: esou Stécker verschwannen net fir ëmmer: “Dat bleift eppes, wat eng gewësse Faszinatioun huet. Déi Bijoue wäerten iergendwann erëm opdauchen.”

Back to Top
CIM LOGO