Police-BulletinZwou Persoune gestallt: Déifställ aus Butteker a Gefierer gemellt

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg goufen der Police e puer Déifställ aus engem Buttek an aus Gefierer gemellt.
Police erënnert u preventiv Mesuren.
© RTL Archivbild

Et gouf aus engem Buttek geklaut

E Mëttwoch am Nomëtteg konnt d'Police an der Rue du Fort Neipperg, bei der Gare an der Stad, eng Fra an e Mann untreffen, déi kuerz virdru vun engem Sécherheetsbeamten ugehale gi waren. Den éischten Erkenntnisser no sollen déi zwou Persounen e puer Wueren aus engem Buttek geklaut hunn.

En Deel vun de Wäertsaache konnt recuperéiert an zeréck an de Buttek bruecht ginn. E puer beschiedegt Artikele goufe séchergestallt.

Zweemol a Gefierer agebrach

Géint 20:15 Auer gouf an der Rue du Fort Neipperg gemellt, datt d'Säitefënster vun engem ofgestallte Won ageschloe gi war. Duerno gouf d'Gefier duerchsicht. Ënnert anerem goufe Pabeiere vum Auto, en Handy, Boergeld a perséinlech Géigestänn geklaut. E Protokoll ass opgeholl ginn a weider Ermëttlunge goufen ageleet.

En anere Fall gouf géint 22 Auer zu Iechternach gemellt. Um Parking du Lac hunn onbekannt Täter d'Fënster vun enger Mall ageschloen, nodeems si virdru versicht haten, eng aner Fënster opzebriechen. Den éischten Erkenntnisser no gouf Boergeld geklaut. Och hei goufe weider Ermëttlunge vun der Police ageleet.

Police erënnert u preventiv Moossnamen

An dësem Zesummenhang erënnert d'Police drun, keng Wäertgéigestänn am Gefier leien ze loossen an den Auto beim Verloossen ëmmer ofzespären.

Weider preventiv Rotschléi fannt Dir op der Internetsäit vun der Police.

Back to Top
CIM LOGO