No den Augmentatiounen aus de viregte Reformen, notamment där vum Rentendësch 2001, koum mat der Reform vun 2012 e Cours-Wiessel. Zwar gouf de Pensiounsalter net eropgesat an duerch d’Reform vun 2012 gëtt de forfaitairen Deel vun der Pensioun gestäerkt. Ma de proportionellen Deel, deen dovun ofhänkt, wéi vill ee cotiséiert, also verdéngt huet, dee geet duerch d’Reform vun 2012 nees erof. An zwar graduell an der Zäit gestreckt bis 2052. Eréischt dann ass d’Reform vun 2012 komplett ëmgesat. Woubäi dës Baisse méi staark ass, wéi d’Hausse um forfaitairen Deel, dat heescht: all Pensiounen ginn ënnert dem Stréch erof. Dobäi kënnt, datt d’Revaloriséierung net méi esou gënschteg ausfält ewéi virdrun, spréch all nei Pensioune sinn zwee Prozent méi niddreg, wéi virun der Reform.

Eng vun den Iddien, déi d’Sozialversécherungsministerin Martine Deprez am Hibléck op d’Pensiounsdebatt vun dësem Hierscht opgeworf huet, ass datt dës Reform méi séier ëmgesat kéint ginn, se also op der Zäitachs gestrafft géif. Am Idealfall géif d’Ënn vun der Reform ëm 20 Joer no vir gezu ginn.

Mat der Rentereform vun 2012 gouf och d’Période de couverture am Régime général vu siwen op zéng Joer verlängert. Vun 2012 u gëtt also iwwert zéng Joer gekuckt, op de System sech finanziell dréit, amplaz wéi virdrun iwwert siwe Joer, also e bësse méi laangfristeg ewéi virdrun.